Et wôr émôl…….

……….Am Joer 2001,haat den Claude Frankard d’Iddee fir en Theaterverein zu Käerjéng ze grënnen, an zwar matt deenen selwechten Leit déi bis dato ëmmer matt dërbei waren, wann zu Uewerkäerjéng den traditionellen Krëschttheater gespillt gin ass. Dass daat am Ufank nët alles esou einfach iwert d’Bühn gaangen ass, war jo evident, well do gouf verschidden Leit op eemol bewosst, wann se do géifen matmaachen dass daat eppes ganz aneschter’s géif gin wéi bis ewell.

Déi eng sin vun der Idde ofgesprongen, aanerer hun se awer voll ënnerstëtzt, an esou koum et dann den 13. Oktober 2002 zu enger éischter Entrevue tëschent dem Claude Frankard, Henri Thill an Marc Gengler fir deen Projet „Theaterverein„  ze lancéieren. Den 26. November 2002 goufen d’Statuten vun engem provisoreschen Komitee am Restaurant Hong-Kong zu Nidderkäerjéng ënnerschriwen an den Daag drop an der Gemeng erangereescht. Den „KÄERJENGER – THEATER“ war gebuer, an ass zanter deem aus dem kulturellen Liewen vun der Gemeng Käerjéng nët méi ewechzedenken.

Matt den Joeren, koumen emmer emol nei Memberen derbei, et sin der och fortgaangen, waat an engem Verein nie ausbleift. Niewent dem Fréijoers Theater deen emmer am Mäerz gespillt gett, gett et dann och ewell den  Hierscht-Theater am November. Sou ass aus enger flotter zesummengewürfelter Équipe,  en richtegt agespilltent Team enstaanen, waat alt emol duerch en neien Akteur oder Aktrice ëmmer erem opgestockt gouf.

Theaterspillen ass iwrigens eng vun den éischten Kommunikatiounsformen déi de Mënsch hât. Hien huet sengen Mattmënschen dât Erliewtent nogespillt. Duerch déi modern Medi’en ass de Mënsch vun haut vill méi verwinnt, awer och méi kritesch gin, an den Akteur op der Bühn kann sech net méi erlâben séi Publikum ze veräppelen.

Haut ass den Theater eng sériö Konscht, an den Ensembel vum „ Kärjenger Theater“ mecht sech zanter méi wéi 10 Jöer eng Ei’er an eng Freed draus séi Publikum un d’Lâchen ze bréngen an esou é Freedentöppelchen an dât eescht Liewen ze setzen.

Claude Frankard & Henri Thill